Guam

Vu Wikipedia
Guam
Geographie
Kontinent Ozeanien
Land USA
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Gehéiert zu Mikronesien
Koordinaten 13°30'N, 144°48'O
Fläch 544,0 km²
Héchste Punkt Mount Lamlam ()
Verwaltung
Verwaltungseenheet USA
Haaptuert Hagåtña
Demographie
Awunner 153.836
Awunnerdatum 2020
Liewenserwaardung 79,575 Joer
Aner Informatiounen
Genannt no onbekannt
Wärung US-Dollar
Nationalhymn Stand Ye Guamanians
Internet TLD .gu
Internat. Telefonsprefix +1671


Guam, op Englesch Guam an op Chamorro Guåhån, ass déi südlechst Insel vun der Marianen-Inselgrupp am nord-westleche Pazifeschen Ozean. Et ass ee vun de Baussegebidder vun den USA, en Unincorporated Territory. D'Haaptstad heescht Hagåtña.

Guam huet ronn 154.000 Awunner (Stand: 2020) déi haaptsächlech Bananne, Mais an Ananas zillen. Hautdesdaags ass den Tourismus, haaptsächlech aus Japan, déi wichtegst Industrie. Gläich duerno stinn d'Revenue vun den amerikanesche Militärbasen.

D'Insel gouf 1898 vu Spuenien un d'USA ofgetrueden.

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guam – Biller, Videoen oder Audiodateien