Orpheus

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Orpheus war dee berüümtste Sänger aus der griichescher Mythologie. E war de Jong vum thrakesche Flossgott Oiagros an der Mus Kalliope (heiansdo gëtt och den Apollo als säi Papp genannt).

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Mat sengem Spill op der Lyra huet hie Mënschen, Déieren a Planze verzaubert a s'an en Zoustand vu paradisescher Rou versat. Dat huet sech och op der Rees vun den Argonaute gewise wéi hien amgaange war fir d'Stierm ze berouegen.

Den Orpheus huet an Thrakie gelieft. Seng Fra war d'Nymph Eurydike. Wéi si op der Hochzäitsfeier un engem Schlaangebëss gestuerwen ass, ass den Orpheus an d'Ënnerwelt gaange fir mat sengem Gesang a senger Musek de Gott Hades dozou ze beweegen him seng Fra erëmzeginn. Den Hades war vum Orpheus senger Konscht sou ergraff dat hie senger Fra erlaabt huet mat him zeréckzegoen, ënner der Bedingung datt hie sech ënnerwee net no him géif ëmkucken. Well seng d'Eurydike awer no senger Hand gegraff huet, huet en net méi u säi Versprieche geduecht an sech trotzdeem ëmgedréit. Dunn huet d'Eurydike erëm missen an den Hades erofgoen an den Orpheus hat hatt fir ëmmer verluer.

De Sänger stoung de Musen an och dem Apollo no, net awer dem Dionysos, de Gott vum Wäin, vun den Ausschwäifungen, ekstateschen Ëmzich a Gesäng. A senger Heemecht ass den Orpheus schliisslech vun de Mainaden, Fraen aus dem Gefolleg vum Dionysos, zerrass ginn. Säi Kapp a seng Lyra sinn an de Floss Hebros gehäit a méi spéit op der Insel Lesbos u Land gespullt ginn. Säi Graf soll an der Stad Leibethra gewiescht sinn.

Dem Orpheus seng Lyra ass als Stärebild un den Himmel versat ginn.

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

No him ass och e Zupfinstrument Orpheoreon benannt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Orpheus – Biller, Videoen oder Audiodateien